Actualités

CS Kleeschen TR126/11/2016

E Samsten den 26en November as et nees esou wait! Genau ewéi d'lescht Joer treffen mir eis dann fir den Kanner vun der Fondatioun Elisabeth +/- 100 Tiitercher zesummen ze paacken déi dann Mettes vum Kleeschen an sengen Engelcher iwerrécht gin. 

 

Mir sin bis elo emmer flott an der Fondatioun emfangen gin an d'Kanner fréen sech immens. Haaptsächlech déi Kleng déi nach un den Kleeschen gleewen; déi grouss  déi glewen haaptsächlech un den Mars, den Raider oder den Bounty. Ech kann mech och nach ganz gut un main leschten Bounty erenneren!

 

Vermierkt Iech also alleguerten weg Samstes den 26en November Moies fir d'Tiitercher bei Arendt um Kierchbierg ze verpaacken an uschléissend (natiirlech nom Apéro deen den Philippe Schmit an ech sponsoren) bei d'Fondation Elisabeth op den Lampersbierg ze fueren an d'Tiitercher mat den Engelcher auszedeelen.

 

Mir fréen eis!